
Op Ufro vun de Kanner a mat der organisatorescher Hëllef vum Personal huet 2023 déi éischt Editioun vun der Mini-Weltmeeschterschaft (Mini-WM) an der Lënster Päiperlék a.s.b.l. statt fonnt.
No deem flotten Erfolleg soll dat een Evenement ginn, dat sech all Joer an der Päiperlék a.s.b.l. widderhëlt. De Kanner gëtt erméiglecht sech participativ mat an ze bannen an deem si u verschidden Decisiounen deel huelen a selwer als „Acteur“ agéiere kënnen. Beispillsweis: Aluedunge verfaassen, Sponsoren asw. per Telefon oder Bréif kontaktéieren. Kannerversammlungen zum Thema Mini-WM leeden, Bestellungen a Reegele mat opsetzen.
Fir de Moment huele verschidden Haiser aus eiser a.s.b.l. deel an de Fussball Turnéier gëtt ëmmer an enger Schoulvakanz organiséiert, esou dass d’ Kanner dee ganzen Dag eppes dovunner hunn.
Eis Projeten
Die Kinderspielstadt Mini-Lënster – ein pädagogisches Großprojekt, welches von der Lënster Päiperlék a.s.b.l. erstmalig 2009 organsiert wurde.