

D’Kannerspillstad Mini-Lënster – een groussen pedagogeschen Projet, deen vir d’éischt am Joer 2009 vum SEA Päiperlék zu Jonglënster organiséiert ginn ass, an sech säit dem un grousser Beléiftheet erfreet. Een Projet deen nohalteg gewuess ass, an sech entwéckelt huet an dëst Joer 2023 an déi siwent Ronn geet.
Mee wat ass iwwerhaapt eng Kannerspillstad?
Stellt Iech vir, dir betriet eng Kannerspillstad bzw. stitt an enger ëmgebauter Sportshal: Faarweg Holzhaiser representéieren verschidden Institutiounen, 400 Kanner “schaffen” zesummen, verdéift an hier Roll. Et fillt een sech, ewéi op enger Maartplaz, et spiert een d’Urbanitéit, alles beweegt sech, kommunizéiert an interagéiert mateneen.
Aus pedagogescher Siicht ass d’Kannerspillstad an éischter Linn eng besonnesch an grouss Spilloffer. Mini-Lënster ass eng Modellstad, – vun Erwuessenen entwéckelt an organiséiert - hei kennen d’Kanner Institutiounen an Evenementer vun der Stad mat erliewen, vun deenen si am “richtegen Liewen” nach ausgeschloss sinn. Wärend Mini-Lënster kréien si d’Chance, d’Liewen an der Stad an engem spezifeschen Kader, selwer aktiv mat ze gestalten an weider ze entwéckelen. Bekannt Institutiounen, eng grouss Aarbechtswelt, Universitéit an Studium, Politik, Administratioun, Kultur an Fräizäit, all dëst fënnt een zu Mini-Lënster.


Duerch dës iwwerzeegend Spillwelt kënnen d’Kanner mat normalerweis nëmmen schwéier verständlechen oder vermëttelbaren Themen, wéi sozialen Prozesser (z.B. Gemengerot, Walen, Demokratie), awer och wirtschaftlechen Zesummenhäng (z.B. Inflatioun, Chômage) éischt Erfarungen maachen.
Den Kanner gëtt doduerch erméiglecht, déi alldeeglech Liewensprozesser vun Erwuessenen spilleresch ze erliewen, woubäi et net drëm geet déi haart, an heiansdo brutal Welt vun den Erwuessenen no ze spillen. Natierlech ass den Erwuessenen een Virbild: och hei gëtt sech un Rollenvirbilder orientéiert an berufflech Klischeeë benotzt. An awer huet eng Kannerspillstad eng ganz eegen Dynamik, hei hunn Themen, wéi zum Beispill sozial Gerechtegkeet eng vill méi grouss Bedeitung, wéi an der Realitéit.
D’Kanner hunn am Spill d’Méiglechkeet, wann och nëmmen fir eng bestëmmten Zäit, Demokratie aktiv mat ze gestalten an ze erliewen, sech fir d’Wal als Politiker opstellen loossen, awer och als Bierger vun der Stad, hier Stëmm of ze ginn.