Réouverture vun der Kantin
Mat Certificat de Travail
Meindeg, den 07.04.2025 (3t Trimester)
Ouni Certificat de Travail
Meindeg, den 18.04.2025 (3t Trimester)
Fir wien?
Eis Kantin ass op vir all Kand, wat hei zu Jonglënster am Précoce, der Spillschoul oder an der Primärschoul ass. Kanner déi bei eis an de Gruppen ageschriwee sinn, brauchen sech net an der Kantin unzemellen. Em d’Verpfleegung an d’Encadrement këmmert sech d’Personal vum Lënster Päiperlék.
Wéini?
D’Kantin ass wärend de Schoulwochen op an d’Betreiung leeft ëmmer vun 12:00 – 14:00 Auer.
Aschreiwung, Umeldung an Ofmeldung
D’Umeldung verleeft iwwert eisen Internetsite beim Punkt „Aschreiwung“. Dir gitt hei ob e separaten Site vun der Kantin weidergeleet. Hei musst dir e Compte uleeë musst dee vu Säite vum SEA fräigeschalt muss ginn (Chèque-Service ass Pflicht).
Dono kënnt Dir är Kanner iwwer e Kalenner fir d’Kantin umellen:
Umeldung MAT Certificat de travail: Hu mir vun den 2 Responsabelen ee Certificat de travail, sou kënnen d’Kanner 2 Woche virum Start vun der Schoul ëmmer fir e ganzt Trimester ugemellt ginn. Déi genau Datumer fannt dir ëmmer aktualiséiert hei uewendriwwer.
Umeldung OUNI Certificat de travail: Hu mir keng Certifcate vun Iech kritt, da kann d’Kand ëmmer ab Freides fir déi Woch duerno ugemellt ginn.
Je no Disponibilitéit ass d’Umeldung bis 12:00 Auer um Virdag méiglech.
D’Kanner kënnen och zu all Moment erëm ofgemellt ginn. Dat och bis de Virdag 12:00 Auer.
OPGEPASST: D’Plaze si limitéiert!
Facturatioun
D’Facturatioun vum Zwou-Stonnen-Block gëtt iwwert de Chèque Service gemaach. D’Ofmeldung ass gratis bis 12:00 Auer den Dag virdrun.