D’Sports- a Beweegungsoffer fir Kanner aus der Gemeng Jonglënster!

Merci un de Sportsministère

De Jonglënster Gutt Drop ass e Sport a Beweegungsprogramm fir Kanner tëscht 1-12 Joer aus der Gemeng Jonglënster, ënnert der Leedung vun der Lënster Päiperlék asbl, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Jonglënster, dem Sportsministère an de Sportveräiner aus der Gemeng.

Zieler:

  • Spaass hunn
  • Stäerkten a Schwächten entdecken a verbesseren, D’Motorik gezielt fërderen, Selbstwäertgefill verbesseren.
  • Talent entdecken a fërderen
  • Motivéiert ginn, de passende Sport ze fannen.

D’Bezuelung vum Service rechent sech nom Prinzip vum “chèque service accueil”.

Sportleche Coordinateur : Manuel Wiscourt

Tél.: 621 62 63 16

E-mail: manuel.wiscourt@paiperlek.lu

Psychomotorik : Christine Hastert

Évènements

Butze Gutt Drop 1

25.09.2025 – 09.07.2026
Donneschdes – 09:00-10:00
Salle motricité SEA Gonderange
1 – 2 Joer

Dir wëllt zesumme mat ärem Kand d’Freed un der Beweegung entdecken? Am Butze Gutt Drop kennen déi Klengste mat der Ënnerstëtzung vun hiren Elteren éischt Erfarungen am Beräich vun der Beweegung sammelen. Hei klammen, sprangen, lafen, rutschen,… déi Kleng a Begleedung vun hiren Elteren a kenne sou zesumme mat hinne schéi Momenter erliewen. Beweegungslandschaften erméiglechen de Kanner hiert Kennen aus ze testen an méi Sécherheet an der Beweegung ze entwéckelen.
Dir sidd interesséiert? Da mellt Iech lo un fir de Butze Gutt Drop!!!
Kleedung: Sportskleedung ouni Schong

Butze Gutt Drop 2

02.10.2025 – 09.07.2026
Donneschdes – 10:30-11:30
@ Salle motricité SEA Gonderange
2 – 3 Joer

Dir wëllt zesumme mat ärem Kand d’Freed un der Beweegung entdecken? Am Butze Gutt Drop kennen déi Klengste mat der Ënnerstëtzung vun hiren Elteren éischt Erfarungen am Beräich vun der Beweegung sammelen. Hei klammen, sprangen, lafen, rutschen,… déi Kleng a Begleedung vun hiren Elteren a kenne sou zesumme mat hinne schéi Momenter erliewen. Beweegungslandschaften erméiglechen de Kanner hiert Kennen aus ze testen an méi Sécherheet an der Beweegung ze entwéckelen.
Dir sidd interesséiert? Da mellt Iech lo un fir de Butze Gutt Drop!!!
Kleedung: Sportskleedung ouni Schong

Mini Gutt Drop 1

30.09.2025 – 07.07.2026

Dënschdes – 14:00 -15:00
@ Hall sportif Loupëscht Jonglënster

Cycle 1.0 / Précoce

Fir Kanner am jéngsten Alter ass Beweegung elementar wichteg. Engersäits ass et ganz wichteg fir d’Motorik, d’Muskulatur an d’Koordinatioun ze entwéckelen, anerersäits awer och fir sech un d’Beweegung ze gewinnen. Hei maache mir Spiller, Parcoursen, klamme, lafen, sprange, werfen, a virun allem ameséiere mer eis. Sou léieren d’Kanner hire Kierper kennen, wësse wat se kënnen a wat (nach) net, an entwéckele Spaass un der Beweegung.

Dir maacht gäre mat? Da mellt Iech lo un!

Mini Gutt Drop 2

01.10.2025 – 09.07.2026

Donneschdes – 14:00 -15:00
@ Hall sportif Loupëscht Jonglënster

Cycle 1.0 / Précoce

Fir Kanner am jéngsten Alter ass Beweegung elementar wichteg. Engersäits ass et ganz wichteg fir d’Motorik, d’Muskulatur an d’Koordinatioun ze entwéckelen, anerersäits awer och fir sech un d’Beweegung ze gewinnen. Hei maache mir Spiller, Parcoursen, klamme, lafen, sprange, werfen, a virun allem ameséiere mer eis. Sou léieren d’Kanner hire Kierper kennen, wësse wat se kënnen a wat (nach) net, an entwéckele Spaass un der Beweegung.

Dir maacht gäre mat? Da mellt Iech lo un!

Beweegungswelten 1

30.09.2025 – 10.02.2026

Dënschdes – 15:15-16:15
@ Hall sportif Loupëscht Jonglënster

Cycle 1.1 – 1.2

Beweegung ass wichteg! Beweegung mëscht Spaass! Dëse Motto probéiere mer de Kanner mat flotte Spiller a Parcoursen ze vermëttelen. Kanner hunn en natierlechen Drang sech ze bewegen, allerdéngs gëtt dësen duerch eis modern, informatiséiert Gesellschaft ausgebremst. Dowéint ass et em sou méi wichteg direkt am jonken Alter Bewegung mat Spaass ze verbannen an sou en Interessi bei all Kand auszeléisen.

Mir tauchen a vill verschidde Welten an, a beweegen eis einfach ouni Drock, zesummen an och mol eleng. Haaptsaach mir hu Spaass!

Dir wëllt gär mat maachen? Da mellt iech lo un fir d’Beweegungswelten vum Jonglënster Gutt Drop!

Beweegungswelten 2

02.10.2025 – 12.02.2026

Donnëschdes – 15:15-16:15

Multisport

30.09.2025 – 28.10.2025

Dënschdes – 16:45-17:45
@ Sport Aal Primärschoul (Hall Omnisport) Jonglënster

Cycle 2.1 – 2.2

Dës Kéier beim Jonglënster Gutt Drop steet Multisport um Programm, hei probéiere mer vill verschidde Sportaarten aus, vir erauszefannen wat eis gefält, a wat net. Et kënnt vläicht och een oder den aner Trainer aus de Sportsclibb aus der Ëmgéigend op Besuch fir eis seng Sportaart virzestellen.

Dir wëllt matmaachen? Da mellt iech lo un fir de Multisport vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Airtramp

11.11.2025 – 16.12.2025
Dënschdes – 16:45-17:45
@ Hall sportif Gonderange Schoul
Cycle 2.1 – 2.2

Wei kréie mir d’Kanner méi a Beweegung, a mat Spaass und d’Beweegung? Den Airtramp ass hei en exzellent Mëttel, wat de Kanner super gutt gefält, a wat immens vill Spaass mëscht. Mir maachen hei flott Spiller, ameséieren eis, a fir déi wou nach net oder scho laang net méi um Airtramp waren, gi mir op Entdeckungstour vum Airtramp.

Dir wëllt mat maachen? Da mellt iech lo un fir den Airtramp vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Parcoursen

06.01.2026 – 10.02.2026
Dënschdes – 16:45-17:45
@ Hall sportif Aal Primärschoul Jonglënster
Cycle 2.1 – 2.2

Selwer Parcourse bauen, sprangen, balancéieren, kloteren, lafen an och an aner Welten antauchen, Alles dat steet wärend dëser Zäit um Programm beim Jonglënster Gutt Drop. Du wëlls selwer kreativ ginn oder och einfach mol e coole Parcours genéissen? Du wëlls dech einfach beweegen ouni Leeschtungsdrock an dech mat denge Kolleegen ameséieren?
Da bass de op der richteger Plaz! Mell dech lo un fir d’Parcoursen vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Multisport

24.09.2025 – 29.10.2025

Mëttwochs – 16:30 – 17:30
@ Hall sportif Aal Primärschoul Jonglënster

Cycle 3.1 – 4.2

Dës Kéier beim Jonglënster Gutt Drop steet Multisport um Programm, hei probéiere mer vill verschidde Sportaarten aus, vir erauszefannen wat eis gefält, a wat net. Et kënnt vläicht och een oder den aner Trainer aus de Sportsclibb aus der Ëmgéigend op Besuch fir eis seng Sportaart virzestellen.

Dir wëllt matmaachen? Da mellt iech lo un fir de Multisport vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Airtramp

12.11.2025 – 17.12.2025

Mëttwochs – 16:30 – 17:30
@ Hall sportif Gonderange Schoul

Cycle 3.1 – 4.2

Wei kréie mir d’Kanner méi a Beweegung, a mat Spaass und d’Beweegung? Den Airtramp ass hei en exzellent Mëttel, wat de Kanner super gutt gefält, a wat immens vill Spaass mëscht. Mir maachen hei flott Spiller, ameséieren eis, a fir déi wou nach net oder scho laang net méi um Airtramp waren, gi mir op Entdeckungstour vum Airtramp.

Dir wëllt mat maachen? Da mellt iech lo un fir den Airtramp vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Parcoursen

07.01.2026 – 11.02.2026

Mëttwochs – 16:30 – 17:30
@ Hall sportif Aal Primärschoul Jonglënster

Cycle 3.1 – 4.2

Selwer Parcourse bauen, sprangen, balancéieren, kloteren, lafen an och an aner Welten antauchen, Alles dat steet wärend dëser Zäit um Programm beim Jonglënster Gutt Drop. Du wëlls selwer kreativ ginn oder och einfach mol e coole Parcours genéissen? Du wëlls dech einfach beweegen ouni Leeschtungsdrock an dech mat denge Kolleegen ameséieren?

Da bass de op der richteger Plaz! Mell dech lo un fir d’Parcoursen vum Jonglënster Gutt Drop!!!

Pumptrack

03.11.2025 – 04.11.2025

10:00-11:30
@ Pumptrack Jonglënster

Cycle 2.1 – 2.2

Jonglënster krutt e Pumptrack! Dësen notze mir och direkt!Wat ass e Pumptrack? Dëst ass eng Streck mat Wellen a Steilkurve déi ee mat ville Saache befuere kann. Mir wäerten dëst mat Vëloen maachen. Hei leiere mer wei een op engem Pumptrack fiert, a wei ee séier gëtt an d’Vitesse behält ouni ze pedaléieren. Dobäi léiere mer natierlech och besser mat eisem Vëlo eens ze ginn an hu wei ëmmer ganz vill Spaass dobäi.

Du wëlls gäer matmaachen? Da mell dech lo un fir de Pumptrack vum Jonglënster Gutt Drop!

Pumptrack

03.11.2025 – 04.11.2025

13:30-15:00

Eis Projeten