Weini ?
De Groupe Vacances gëtt an all de Vakanze fir jiddereen ugebueden, och fir Kanner déi net am Grupp ugemellt sinn. Eng Ausnam ass déi lescht Woch vun der Summervakanz. Op Grond vun de Summerprojeten (Adventure @ Lënster oder Mini Lënster), gëtt guer kee Groupe Vacances wärend den éischten zwou Woche vun der Summervakanz ugebueden.
D’Betreiung ass vu 7-19 Auer méiglech, de Programm fënnt an der Reegel tëscht 10-16 Auer statt. De genaue Programm gëtt 2-3 Woche virun de Vakanze publizéiert. Mir bieden iech dësen ze iwwerpréiwen a mat ären Umeldungszäiten ze vergläichen.
Fir wien?
D’Betreiung wärend de Vakanzen ass fir all Kand wat an der Gemeng wunnt, oder d’Spillschoul/Primärschoul an der Gemeng besicht, oppen.
An der Summervakanz kennen nëmmen déi Kanner ugemellt ginn, déi am ofgelafene Joer ob mannst schonn am éischte Spillschoul waren.
Avis
Passt wannechgelift drop op, dass d’Chèque Service Kaart vun Ärem Kand aktuell ass, soss muss leider de Maximaltarif verrechent ginn.
Umeldung a Facturatioun
De Formulaire fir d’Umeldung vun Ärem Kand fannt Dir an Ärem SEA.
Ab Januar ass et méiglech Äert Kand fir d’Vakanze vum ganze Joer unzemellen. Op Grond vun den Umeldungen, gëtt dann ee Kontrakt opgestallt. Umeldung si bis ee Mount virun der betraffener Vakanz méiglech, dono si keng Ännerunge méi méiglech, an déi ageschriwwe Stonne gi verrechent. Eng Ausnam ass d’Feelen duerch Krankheet mat Attest.
D’Facturatioun gëtt iwwert de Chèque Service gemaach. Mat Ausnam vun den Horaire 7-8 Auer a 18-19 Auer, gëtt jeeweils an 2-Stonnen-Bléck facturéiert.
Eis Projeten
Die Kinderspielstadt Mini-Lënster – ein pädagogisches Großprojekt, welches von der Lënster Päiperlék a.s.b.l. erstmalig 2009 organsiert wurde.