
Déi lokal an ausgewielte Restauratioun vun eise Strukture setzt op frësch, saisonal a regional Produiten, fir de Kanner eng gesond an equilibréiert Ernärung ze bidden. Duerch d’Auswiel vu qualitativ héichwäertege Liewensmëttel léieren d’Kanner verschidde Goûte kennen an entwéckelen eng positiv Bezéiung zum Iessen. Gläichzäiteg ginn déi lokal Produzenten an eng nohalteg Ernärung ënnerstëtzt, an d’Moolzechte ginn zu engem flotte Moment vu Gemeinschaft a Gesellegkeet.





