
D’Zesummenaarbecht vum gesamte Personal huet eng grouss Bedeitung am Beräich vun der gemeinsamer Zielformuléierung, vum Engagement a vum Abrénge vun ënnerschiddlechen a perséinleche Ressourcen.
D’Aarbecht vun eisem Personal zeechent sech duerch Wäertschätzung, Oppenheet am Ëmgang mat Konfliktsituatiounen a géigesäiteg Reflexioun am Alldag aus. Prioritär sinn dobäi ëmmer d’Interesse vum Kand.
D‘Aarbecht gëtt konstruktiv zesumme mam Team, de Kanner an den Erzéiungsberechtegte gestalt.
Fir déi néideg Qualitéit an der Aarbecht bidden ze kënnen, hëlt all Mataarbechter reegelméisseg un de néidege Formatiounen Deel.