
D’Ziel ass et mat den Elteren aktiv am Beräich vun der Bildung an der Erzéiung ze kooperéieren, an zesummen déi:
- Physesch;
- Kognitiv;
- Motivational;
- Sozial;
- Léiermethodesch;
- Kompetenze bei de Kanner ze fërderen.
Déi transparent pedagogesch Aarbecht schaaft Vertraue bei den Elteren, vun dem och d’Kanner an hirer Entwécklung profitéieren.
D’Relatioun tëscht den Erzéiungsberechtegten an dem pedagogesche Fachpersonal zeechent sech duerch Respekt, Wäertschätzung an Empathie aus.