„Die Aufgabe der Umgebung ist nicht, das Kind zu formen, sondern ihm zu erlauben, sich zu offenbaren.”
Maria Montessori

De Respekt virun all Kand an d’Acceptanz vun all Kand ass d’Basis vun eiser pedagogescher Aarbecht. Eist Ziel ass dass d’Kanner gär bei eis an d’Haus kommen, an sech wuel fillen.

All Kand huet seng eege Perséinlechkeet, a genau dorun orientéiert sech eis pedagogesch Aarbecht. Déi non-formal Bildungsprozesser an eisen Haiser ginn ouni Leeschtungsdrock un all Kand individuell ugepasst. De Schwéierpunkt leit op de Stäerke vun de Kanner an enger méiglechst grousser Chancëgläichheet an der non-formaler Bildung.

D’Ëmfeld fir d’Leieren an eisen Haiser gëtt esou gestalt, dass d’Kanner ugereegt gi selbststänneg Saachen ze entdecken an ze erfuerschen.

“Gras wächst nicht schneller, wenn man daran zieht.”
Proverbe africain

Am Kader vun der Participatioun gëtt dem Kand seng Meenung ugehéiert, an an senger eegestänneger Perséinlechkeet respektéiert.

Dat weist sech am pedagogeschen Alldag duerch eng respektvoll Haltung dem Kand géigeniwwer an duerch d’Fäegkeet gefillsvoll Dialoger mat de Kanner feieren ze kennen.

Ee strukturelle Kader gëtt duerch verschidden (Kanner)Gremien, d’Abannung vun de Kanner bei Ofstëmmungen an Decisiounen, an duerch eng Verfassung fir d’Kanner geschaaft.

“Die Freiheit unserer Kinder hat als Grenze die Gemeinschaft, denn Freiheit bedeutet nicht, dass man tut, was man will, sondern Meister seiner selbst zu sein.”
Maria Montessori

Am pedagogeschen Alldag am SEA Päiperlék bedeit dëst awer och:

  • Sech géigesäiteg nozelauschteren an ze informéieren
  • Kanner bei der Formuléierung vun hiren Iddien a Wënsch ze ënnerstëtzen
  • All Meenung eescht ze huelen
  • Gemeinsam Weeër fanne fir verschidden Iddien ze realiséieren
  • Ze bedenken, dass d’Konzept vun der Participatioun nëmmen am Zesummespill tëscht Kanner, Personal, Erzéiungsberechtegten an Träger funktionéiert.
  • Dass d’Aushandelen tëscht de Kanner transparent gefouert a vum Personal begleet gëtt.

Des Weideren huet dat gesamt Team eng Verfassung ausgeschafft, déi d’Rechter vun de Kanner beinhalt. Eis Mataarbechter sech, mat enger Ënnerschrëft, déi Rechter ze respektéieren.

An eisen Haiser gi mir de Kanner zouverlässeg Bezéiungen, emotionale Réckhalt a Vertrauen.

Wéi schaffe mir?

Entdeckt eis Wäerter dei eis bei Lënster Päiperlék wichteg sinn