
„Bientraitance zielt auf eine positive und respektvolle Haltung gegenüber Anderen und sich selbst ab, dank einer Kultur der Wertschätzung, des gegenseitigen Vertrauens, der Hilfe und der Unterstützung”
„Bientraitance“ zesummegefaasst: D’Bientraitance ass eng Initiativ vu 4 Organisatioune mat enger gemeinsamer Visioun, déi am Joer 2014 an d’Liewe geruff ginn ass. Aktuell ëmfaasst d’Initiative scho 7 sozial Acteuren aus dem Grand-Duché: Arcus asbl, Caritas Luxemburg, Croix Rouge, Elisabeth, Jaques Brocquart asbl, Lënster Päiperlék asbl an d’Stëftung Lëtzebuerger Kannerduerf.
Mat der Bientraitance goufen folgend Punkten opgegraff:
- Eng obligatoresch Sensibiliséierungsformatioun fir Mësshandlungen an allen deelhuelenden Organisatiounen ze thematiséieren an virzebeugen. Dëst soll d’Fäegkeet vun all Mataarbechter stäerken, sou dass si mat Mësshandlungssituatiounen am Aarbechtsalldag zu Recht kommen
- D’Bereetstellen vun Representanten vun der Bientraitance an all Organisatioun. Hier Aufgab ass et, d’Wäertschätzung ze fërderen, Mësshandlungen virzebeugen, sou wéi d’Beroden an d’Informéieren an dëse Beräicher.
- Dei dräi Grondbegrëffer sinn Opmierksamkeet, Transparenz an Vertraulechkeet. Dës déngen souwuel der Preventioun, wei och der Fërderung vun enger gudder Behandlung.
Bientraitance ass och e Laache schenken, Empathesch sinn, Gedold hunn, Nolauschteren, Keen Virurteel hunn…