Mini-Lënster Kreativ Atelieren 2016
Vum 8ten bis 12ten Februar hunn d’Kanner vum Cycle 2.2 bis 4.2. a verschidden Atelieren zum Thema Mini-Lënster hier Iddien kreativ ëmgesat.
Sie konnten sech am Beräich Musek, Film a Bastelen ausprobéieren, wei een an dësen flotten Videoen gesäit:
D’Kanner hunn d’Roll vum Reporter iwwerholl, se hunn sech Froen iwwerluecht, Interviewen gefouert an selwer gefilmt.
„Die Schatzsuche“ – den éischten Abenteuerfilm, wou d'Kanner all d'Aufgaben vun enger Filmproduktioun selwer iwwerholl hunn.
Wéi leeft d’Kannerspillstadt Mini-Lënster of? Wat kann een do maachen? Am Gaplo TV interviewen d’Stephanie an de João verschidde Leit zur Kannerspillstadt an et gëtt souguer eng Reklamm fir Mini-Lënster 2016!
